AG Sektioun Suessem, 24 Juni 2021.

déi Lénk Suessem huet op hirer Generalversammlung e speziellt Joer en Revue passéiere gelooss. Niewen de groussen Dossiere wéi « Remblai Aleweier”, Contournement, Suessemer Schlass an Wunnengspolitik (notamment de geplangte Belval Sud), huet déi Lénk nach emol ënnerstrach wéi wichteg et ass och a virun allem an de consultative Kommissiounen dofir ze suergen datt transparent a participativ um Gemengenniveau geschafft gëtt.

déi Lénk Suessem bereet elo schonn hir Zeitung an hir Choucroutefest vir, dat fir den 26 Oktober virgesinn ass.

Komittee – Kim Mersch (Caissière), Tania Mousel, Irina Holzinger (Präsidentin), Patrizia Arendt (Sekräterin), Jos Piscitelli, Myriam Cecchetti, Serge Urbany.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe